Folgen Sie uns
Erstellt am19/07/2022
Update am02/04/2024

Wärend der Pandemie huet d‘Kleederstuff Miersch hir Aktivitéiten missen aschränken. Trotzdeem konnt si dëst Joer nees verschidde karitativ Organisatiounen mam Erléis vun hirem Second Hand Kleederverkaaf ënnerstëtzen. Esou waren et d‘Responsabel vun der Chaîne de l’Espoir Luxembourg, dem Cent Buttek an der Association Luxembourgeoise de Lutte Contre la Mucoviscidose déi bei enger klenger Feier e Scheck vu jeeweils 5.000 Euro iwwerreecht kruten. Mir soen iech  e grousse Merci fir  dëse generéisen Don a geschätzten Geste.